CECI PRESENTS: MAZ - Ee Solo Artist ass ni eleng.
MP3•Maison d'episode
Manage episode 342158237 series 3270521
Contenu fourni par Cecilia Said Vieira. Tout le contenu du podcast, y compris les épisodes, les graphiques et les descriptions de podcast, est téléchargé et fourni directement par Cecilia Said Vieira ou son partenaire de plateforme de podcast. Si vous pensez que quelqu'un utilise votre œuvre protégée sans votre autorisation, vous pouvez suivre le processus décrit ici https://fr.player.fm/legal.
An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka MAZ zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d’Trennung vu Frëndschaft a Business – kann ee mat gudde Kolleege produktiv schaffen? D’Äntwert dozou a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 37:48 MAZ – Good Shit 10:54 MAZ – Upside Down Folgt dem MAZ op Instagram. ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren! Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.
…
continue reading
73 episodes