radio 100,7 public
[search 0]
Plus
Téléchargez l'application!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Am Gespär vum Gemengenhaus vu Jonglënster ass de 25. Januar ee Feier ausgebrach. Persoune goufen dobäi zum Gléck net verletzt. Allerdéngs sinn Deeler vum Gemengenarchiv Affer vun de Flame ginn. De Virfall geheit Froen zur Archiv-Féierung an de lëtzebuergesche Gemengen op. Ee Commentaire vum Gilles Schreurs, Archivist beim 100,7.…
  continue reading
 
Déi nei CSV-DP-Regierung wollt d‘Land vun enger ze grousser Bürokratie befreien an d‘Ekonomie nei beliewen. Bis elo huet si et awer just fäerdeg bruecht, wéinst dem Autoriséiere vum partiellen Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg massiv an der Kritik ze stoen. Déi nei CSV vum neie Luc huet hire Regierungsstart no zéng Joer an der Oppositioun nawel…
  continue reading
 
Vun haut un huet Lëtzebuerg eng nei Regierung. Déi zéng Ministeren a fënnef Ministerinne vun der CSV a vun der DP ginn de Moie vum Grand-Duc vereedegt, gëschter (16.11.) gouf de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen. Bis elo mécht déi nei Koalitioun kee souveränen Androck, a se preparéiert de wirtschaftsliberale Wee fir e schlanke Staat, deen d‘Ongerech…
  continue reading
 
Wärend d‘CSV an d‘DP sech grad iwwer e Koalitiounsprogramm eens ginn, confirméiere sech ëmmer méi déi schlecht Wirtschaftszuelen. De Statec geet fir dëst Joer vun enger ekonomescher Rezessioun aus a vun engem just éischter schwaache Rebond fir 2024. Mee Experten hu Recht wa si soen, datt dat alles keng nei Informatioune sinn, E Kommentar vum Jean-C…
  continue reading
 
D‘CSV an d‘DP schaffen den Ament un engem Koalitiounsvertrag. An de Verhandlunge krute si schwaarz op wäiss presentéiert, wat se eigentlech scho musse gewosst hunn: An zwar datt de Staat am Moment vill méi Suen ausgëtt wéi en der erakritt. Trotzdeem huet d‘CSV am Walkampf massiv Steierreduktioune versprach. Dat alles wäert esou net opgoen, a riskéi…
  continue reading
 
Lëtzebuerg ass de Moie mat der Feststellung erwächt, datt déi politesch Landschaft sech verännert: No zéng Joer Blo-Rout-Gréng kënnt déi nächst fënnef Joer eppes, wat d'Land virdru gutt kannt huet: Eng Zweeër-Koalitioun, déi vun der CSV ugefouert gëtt. Datt d'CSV et no schwierege Joeren an der Oppositioun zeréck un d'Muecht packt, ass eng Iwwerrasc…
  continue reading
 
An zwee Deeg wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. An domat och indirekt eng Regierungsmajoritéit fir déi nächst fënnef Joer. Déi Parteien, déi et bis an d‘Ronn vun de Koalitiounsgespréicher packen, wäerte frou sinn, wann de Walkampf eriwwer ass. D‘Aarbecht fänkt dann awer eréischt richteg un, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.…
  continue reading
 
De Sonndeg an dräi Woche wielt Lëtzebuerg en neit Parlament: Et ass zimmlech oppen, wéi eng Majoritéit sech wäert kënnen no de Chamberwale vum 8. Oktober forméieren: Et gi keng Koalitiounsaussoe gemaach, an d'Ëmfroewäerter géife verschidde Zenarien zouloossen. Wann d'Inhalter am Walkampf scho keng grouss Roll spillen, musse se an de Koalitiounsgesp…
  continue reading
 
Loading …

Guide de référence rapide