Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (3)

56:10
 
Partager
 

Manage episode 249283449 series 1757151
Par radio 100,7 and Radio 100, découvert par Player FM et notre communauté - Le copyright est détenu par l'éditeur, non par Player F, et l'audio est diffusé directement depuis ses serveurs. Appuyiez sur le bouton S'Abonner pour suivre les mises à jour sur Player FM, ou collez l'URL du flux dans d'autre applications de podcasts.
Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich - Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit Lëtzebuergesch als Muttersprache uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. Mee wéi de Krich bis eriwwer war, huet kaum eppes um eigentleche Sproochgebrauch changéiert. Och d'Astellunge vis- a-vis vun den dräi Landessproochen hu sech eréischt lues a lues geännert. D'Sproochegesetz vun 1984, dat dem Lëtzebuergeschen den offizielle Statut vun enger Nationalsprooch ginn huet, ass nëmmen eng Etapp op dësem laange Wee. Wien huet sech fir dëst Gesetz agesat, a wien huet et gebremst? Net déi Haaptprotagonisten - Lex Roth, Fernand Hoffmann a Guy Rewenig - mee déi gesellschaftlech Kräften, déi sech hanner dëse profiléieren, sollen am Mëttelpunkt stoen. Den eigentlechen, fulminanten Opschwong vun der Lëtzebuerger Sprooch kënnt eréischt am Ufank vum 21. Joerhonnert. Och do gëllt et, déi sozio-ekonomesch Ressorte vun där Dynamik ze beschreiwen. Wéi geet et weider? Wat sinn d'Erausfuerderunge vu muer? Kee vun eis kann an d'Zukunft kucken, trotzdeem zeechne sech verschidde Zenarioen elo schonn of. Opgeholl de 18. November am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag vum Fernand Fehlen: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/fehlen-cape-2019_52876c.pdf Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link

122 episodes