Radio 1007 public
[search 0]
Plus

Téléchargez l'application!

show episodes
 
Loading …
show series
 
D'Nouvelle koum gëschter iwwerraschend: Fage léisst seng Pläng fale fir tëschent Beetebuerg an Diddeleng eng grouss Jugurtsfabrick fir den europäesche Marché ze bauen. De Projet war nach an der Autorisatiounsprozedur. Viru véier Joer hat de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider d'Pläng zesumme mat de Responsabele vum griichesche Konzern ann…
 
La France fait face à une recrudescence alarmante des infections au coronavirus avec plus de 10.500 cas enregistrés au cours des dernières 24h. Même si les chiffres sont en baisse selon les jours. Cette inflation est inquiétante car de nombreux cas sont recensés en milieu scolaire. Avec la rentrée des écoles depuis mercredi 2 septembre après plusie…
 
D'Ëmweltverwaltung géif den Dossier vu Fage fir de Bau vun der ëmstriddener Jugurtsfabrick tëschent Beetebuerg an Diddeleng déi nächst Woche ganz intensiv begleeden. Esou gëtt déi gréng Ëmweltministerin Carole Dieschbourg um Internetsite vun der Chamber zitéiert. Den Ëmweltministère an de Wirtschaftsministère géifen all d'Piècen am Dossier iwwerpré…
 
Depuis le mercredi 2 septembre a débuté le procès aux Assises des complices présumés des assassins et cerveaux des attentats de 7, 8 et 9 janvier 2015 qui ont fait 17 morts, dont douze victimes lors de l'attaque, du 7 janvier contre la rédaction de Charlie Hebdo. Ces attentats perpétrés par des terroristes islamistes avait choqué mondialement et dé…
 
De Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO steet 2020 ganz am Zeeche vum 25. Anniversaire, wéi d'Stad Lëtzebuerg an d'Befestegungsanlagen an de Programm vum Patrimoine Mondial vun der UNESCO opgeholl goufen. Experten aus den ënnerschiddleche Beräicher wéi Architektur, Archeologie, Industriegeschicht oder Restauratioun weisen an hire Presen…
 
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto Zanter den 1960er Joren erlieft Lëtzebuerg wéi déi aner europäesch Länner en déifgräifende Wandel. Dobäi kënnt fir Lëtzebuerg e vergläichsweis héijen a bal konstante Wirtschaftswuesstum zanter dem Enn vun den 1980er Joren. D'Bevëlkerung ass vun 315.000 am Joer 1960 op 614…
 
© Marc Theis Den Adrien Meisch huet ufanks als Attaché am Ausseministère geschafft, duerno an der Stänneger Vertriedung zu New York, zu Bréissel, bei der OECD a bei der NATO. Hie koum hannescht op Lëtzebuerg a war ënner anerem Direkter fir politesch Affären am Ausseministère. Vun 1971 u war hien Ambassadeur op verschiddene Plazen: 1971-1974 zu Mosk…
 
Zanter véier Méint ass Lëtzebuerg am Kampf géint d'Corona-Pandemie, zwou Infektiounswelle goufen et bis haut, mat am Ganzen 112 Doudegen an enge 6.000 Persounen, bei deenen de Virus nogewise gouf. Den Tëschebilan: E Lockdown wärend zwee Méint a fir de Rescht Aschränkungen op ville Pläng, mat engem graven ekonomesche, sozialen a medezineschen Impakt…
 
Vun de Piratesender, oder och Schwaarzsender genannt, ginn et méi Typpen. Mir wëllen eis awer haut hei nëmme reng op d'Geschicht vun de kommerzielle Musek's-Statiounen an Europa konzentréieren, déi an den 1960er Joren, ausserhalb vun der Dräi Meilen Zon, deemno aus den internationale Gewässer hir Programmer vun engem Schëff, oder vun enger Maritimm…
 
Gläich ass en aussergewéinlecht a mouvementéiert Schouljoer eriwwer. D'Fro, wéi eng Schüler den erfuerderte schoulesche Niwo erreechen a wéi eng net, respektiv wéi eng Retarde net méi kënnen opgeholl ginn, beweegen d'Elteren an d'Schoulpersonal gläichermoossen. Wéi gi mer ëm mat de Repercussiounen, déi di vill verschidde Schoulorganisatiounsforme v…
 
De bayresche Ministerpresident Markus Söder ass ouni Zweiwel ee vun de politesche Gewënner vun der Corona-Kris an Däitschland. Och, well hien dackst als éischten a konsequent gehandelt huet. Elo wëllt de Markus Söder a Bayern all Mënsch op Corona testen - fir näischt. Hien trefft domat op Widderstand. D'Auslandschronik vum Matthias Kirsch.…
 
Dimanche 28 juin avait lieu le second tour des Municipales en France, près de trois mois après le premier ayant lieu le 15 mars. Plus de 4.800 communes françaises élisaient leur maires sur fond de Covid-19 et d'abstention historique marquée par une percée des Écologistes dans plusieurs grandes villes françaises et un échec pour le parti du Présiden…
 
D'Relatiounen tëschent der Europäscher Unioun an de Vereenegte Staaten si schonn eng Zäit net méi ganz gutt. Mat der Publikatioun vum fréieren Trump-Beroder John Bolton sengem Buch gëtt et elo nach méi komplizéiert, seet den Olivier Hanrion. Eng Chronik vum belschen ëffentlech-rechtleche Sender, deen d'selwecht wéi de radio 100,7 Member am Reseau E…
 
Déi éischt grouss Flüchtlingswell ass mëttlerweil fënnef Joer hier. An awer gëtt et nach ëmmer kee funktionéierende Verdeelungsmechanismus fir déi Länner ze entlaaschten, wéi Italien, Griichenland oder Spuenien, déi souwisou schonn ekonomesch an no der Corona-Kris schwéier ze kämpfen hunn. Och wann dës Länner hir Capacitéite fir Flüchtlingen opzehu…
 
Um EU-Sommet sinn d'Staats- a Regierungscheffe sech gëschter nach net eens ginn iwwer den EU-Budget an iwwer Ënnerstëtzungsmoossname fir Ekonomie. Et ass wéi en Tour de France ouni Vëlo, mengt an der Chronik den Olivier Hanrion, Chroniqueur vun der RTBF. E Bäitrag vum belschen ëffentlech-rechtleche Sender, deen d'selwecht wéi de radio 100,7 Member …
 
Europa steet virun där gréisster sozio-ekonomescher Kris vu senger Geschicht. D'Memberlänner sinn sech bei villem net eens a verschanzen sech nach ëmmer hannert hire Grenzen. Den Olivier Hanrion sicht nom President vum Conseil européen, Charles Michel. Dee schéngt spuerlos verschwonnen. Allerdéngs soll hien d'Meenunge vun den EU-Staaten iwwert d'Ge…
 
D'USA si weiderhin dat Land op der Welt mat deene meeschte Covid-19-Fäll. Trotz der Pandemie sinn elo schonn zwou Woche laang honnertdausende Leit op d'Stroosse gaange fir géint Rassismus a Policegewalt ze protestéieren. Et ass en eemolege Moment an der amerikanescher Geschicht, an een un dee sech d'Wieler am November bei der Presidentschaftswal oc…
 
Fabienne Gilbertz © Carlo Link Am Discours iwwert d'Lëtzebuerger Literatur ginn d'1980er Joren dacks als Zäsur beschriwwen. An där Zäit verännert sech de Literaturbetrib tatsächlech bannent wéinege Jore grondleeënd: Mat den Editions Guy Binsfeld, den Editions Phi an den Editions Op der Lay ginn déi éischt literaresch Verlager gegrënnt, Auteure wéi …
 
Säi Beruff hat den Arthur Unger (1932) Mëtt den 1950er Joren op den afrikanesche Kontinent, an de Belsche Kongo, verschloen. 1960 kënnt hien zeréck an Europa, wou hie sech spéider berufflech zu Paräis installéiert. Hei gëtt de Konschtintresséierte mam artistesche Milieu konfrontéiert, et ass och do, wou hie seng éischt Zeechnungen a Gouachen an Enc…
 
Den Effort géint de Coronavirus huet an Däitschland mat enger grousser Eenegkeet ugefaangen. Onerwaart séier an effizient huet d'Bundeskanzlerin Angela Merkel souwuel d'Politik wéi och d'Bierger hannert sech versammelt. Mëttlerweil ass d'Stëmmung gekippt. Wéi konnt et esou wäit kommen? Eng Chronik vum SPIEGEL-Journalist an 100,7-Däitschland-Korresp…
 
Mëtt Mäerz, wéi de Virus ugefaangen huet sech séier zu Lëtzebuerg auszebreeden, gouf et e Ruck. D'Dräierkoalitioun aus DP, LSAP a Gréng stoung no décken Diskussiounen ëm Wunnengsbau, Klimaplang an dem Récktrëtt vum Vize-Premier Etienne Schneider nees geschlossen do. D'Quereinsteigerin Paulette Lenert huet souverän d'Handbrems ugezunn. Mee elo, wou …
 
Och am Wäissen Haus gëtt et ëmmer méi positiv Covid-19-Fäll. Vill Membere vun der Coronavirus Cellule de crise hunn entscheet sech elo fir zwou Wochen ze isoléieren. Och de Vize-President Mike Pence geet elo mol net méi an d'Wäisst Haus, nodeem seng Pressespriecherin an e perséinlechen Assistent vum President Donald Trump positiv getest goufen. Eis…
 
Wéinst der Corona-Pandemie ass an den Hannergrond geréckelt, datt d'Course ëm déi däitsch Kanzlerschaft schon esou gutt wéi ugefaangen hat. Wärend d'Kandidate vun den Uniounsparteien CDU an CSU sech nach intern wollten zerstreiden, waren déi däitsch Gréng a Positioun. Elo kéint alles anescht sinn. Wien huet elo d'Nues vir? D'Auslandschronik vun eis…
 
Enrico Lunghi © Carlo Link De lëtzebuergesche Konschtbetrib war bis an d'1980er Jore vun éischter provënziellem Charakter. Dëst huet sech mat der Vergréisserung vun der Europäescher Unioun an dem Opschwong vum Land als Finanzplaz fundamental verännert. Der Regierung hir Decisioun fir d'Grënnung vum Centre d'art contemporain am Joer 1989, genee wéi …
 
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet gëschter annoncéiert, datt all Premières-Schüler op de Covid-19 ka getest ginn. Hie wëllt domadder all déi Léit berouegen, déi géint géint d'Schoulrentrée am Mee protestéieren a sech fir e weideren Homeschooling asetzen. Mee d'Schoulpflicht ass kee Lifestyle-Theema, fënnt d'Judith Reicherzer, fréier Journa…
 
Zanter bal engem Mount elo gëtt et vun der amerikanescher Säit deeglech Pressekonferenzen zum Theema Coronavirus. Den Donald Trump ass all Kéier dobäi a benotzt dës Méiglechkeet fir um nationale Fernsee senger Regierung hiert Handele vun der Kris ze verteidegen a fir dacks mol absurd nei Theorien ze verbreeden. Detailer vun eisem Washington-Korresp…
 
An der Corona-Kris ass déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel vun de Ministerpresidenten aus de Bundeslänner ofhängeg. Ouni déi Ënnerstëtzung ass d'Muecht vun der Regierungscheffin begrenzt. Mee déi Zesummenaarbecht steet op wackelege Been. D'Auslandschronik vum SPIEGEL-Journalist an 100,7-Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.…
 
Yves Steichen © Carlo Link Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum digitale Wandel (1945-2019) Entwécklung vun engem lokal-regionalen zu engem globale Player, e Virtrag Kader vu "Kulturgeschicht Lëtzebuerg" am CAPE Ettelbréck, vum Yves Steichen, Centre National de l'Audiovisuel (CNA). Eng Particularitéit vun der lëtzebuerge…
 
Le monde de l'édition parisien avait tremblé en début d'année avec la sortie du "Consentement" de Vanessa Springora chez Grasset qui racontait l'emprise de l'écrivain Gabriel Matzneff sur l'adolescente alors âgé de treize ans. Enquête, appel à témoins, perquisitions et procès en cours, avait fini par naître après les révélations de ce livre choc ré…
 
Wann d'Corona-Kris eriwwer ass, muss d'Europäesch Unioun sech prioritär ëm een nohaltege Relancement vun der Wirtschaft bekëmmeren, mengt den Olivier Hanrion vun der RTBF. Nieft dem Klimaschutz wäert dann och de Brexit nees uewen op der Dagesuerdnung stoen. Dir héiert eng Chronik vum belschen ëffentlech-rechtleche Sender, deen d'selwecht wéi de rad…
 
Och den Olivier Hanrion vun der RTBF muss wéinst der Corona-Pandemie den Ament doheem bleiwen - a suivéiert awer besonnesch opmierksam den Ament d'Kommunikatiounsstrategie vun der EU-Kommissiounspresidentin. Wéi eng Gedanke mécht hie sech iwwer d'Situatioun vun der Europäescher Unioun? Eng Chronik vum belschen ëffentlech-rechtleche Sender, deen d's…
 
Michael Lüders Das neue Buch des Bestsellerautors Michael Lüders: Warum der Iran immer wieder ins Visier gerät. Die geheimen Verbindungen zwischen den USA und Saudi-Arabien. Von einem der führenden Nahost-Experten Deutschlands. Der Orient kommt nicht zur Ruhe. Während die Kämpfe vor allem in Syrien andauern, nehmen die Spannungen zwischen dem Iran …
 
La France est au stade 3 pour lutter contre la pandémie du coronavirus pour une durée indéterminée. Annoncée par Edouard Phillipe samedi, les lieux publics sauf l'alimentaire et le médical sont fermés sur tout le territoire. Cependant les élections municipales ont été maintenues, provoquant un taux d'absentation record sur les 47 millions d'électeu…
 
Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich - Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit Lëtzebuergesch als Muttersprache uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatze…
 
© VLA - Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten asbl Den Archivdag stoung dëst Joer am Zeeche vun den Archiven an der Demokratie, organiséiert am Kader vun der Journée internationale des archives den 9. Juni. D'Schwéierpunkte vum Colloque waren de legale Kader a Reflexioune ronderëm d'Archiven an d'Demokratie. Invité war ënner anerem de President v…
 
Le 6 octobre 1989, quand il reçoit Gorbatchev pour célébrer les 40 ans de la RDA, Erich Honecker, principal dirigeant de la RDA, contemple avec sérénité l'avenir de son pays. Un mois plus tard, le tourbillon de l'Histoire balaie toutes ses illusions : le Mur de Berlin tombe dans la nuit du 9 au 10 novembre. Pendant ces quelques semaines ils sont de…
 
Kierfechter sinn net nëmme Plaze fir Erënnerung, mee si materialiséieren och Materialien a Vergaangenheet. E Fuerschungsprojet vun der Universitéit Lëtzebuerg, "RIP", beschäftegt sech mat dësem Thema, zu deem och ee Buch mam Titel "Ewige Ruhe? Concession à perpétuité?" erauskoum. Eng vun den Autorinnen ass d'Archeologin Christiane Bis-Worch, si erk…
 
Loading …

Guide de référence rapide

Google login Twitter login Classic login